Ergänzend zum Législatiounscours am Stage am ESC an ESG, deen sech haaptsächlech em Theme wéi Promotiounskrittäre fir Schüler dréint, bitt den SEW/OGBL ee Cours un, deen d’Rechter vum Enseignant thematiséiert.
Esou sollen interesséiert Enseignanten d’Geleeënheet hunn, een Abléck an d’Theme wéi Tâche/Berechne vun der Tâche, Berechne vun der Remuneratioun, Evolutioun vun der Carrière etc. ze kréien. Ausserdeem erkläre mir, wéi en Diszipinarverfahren ofleeft a wéi eis Pensioune funktionéieren.