D’Rechter vum Enseignant am Secondaire:

Kontext & Objektiver

Ergänzend zum Législatiounscours am Stage am ESC an ESG, deen sech haaptsächlech em Theme wéi Promotiounskrittäre fir Schüler dréint, bitt den SEW/OGBL ee Cours un, deen d’Rechter vum Enseignant thematiséiert.

Esou sollen interesséiert Enseignanten d’Geleeënheet hunn, een Abléck an d’Theme wéi Tâche/Berechne vun der Tâche, Berechne vun der Remuneratioun, Evolutioun vun der Carrière etc. ze kréien. Ausserdeem erkläre mir, wéi en Diszipinarverfahren ofleeft a wéi eis Pensioune funktionéieren.

 

Contenu

Tâche, Iwwerstonnen, Rémunératioun, Ordre de justification & Disziplinarverfahren, Congés extraordinaires, Congé social, Congé d’accompagnement, Pensioun

Methodesch Approche

Powerpointpräsentatioun, praktesch Beispiller, Echange