Eng fläisseg Leeschtung vun eise Schüler!

Den Tim, eise fläissegste Schüler, krut een T-Shirt vum LTEtt iwwerreecht!

Firun 2 Joer ass “GoGo Velo”, ënnert anerem aus engem GSE Projet am LTETT, entstan. Waren et am leschte Joer nëmmen d’Nordstad-Lycéeën déi géinteneen ugetruede waren, esou war de Wettkampf dëst Joer landeswäit organiséiert a soumat konnt all Lycée aus dem Land vum 22/04/2025 – 31/05/2005 kräfteg mat an d’Pedallen drécken. Eemol op der App „Radbonus2“ ugemellt, konnt et lass goen! Sämtlech Schüler*Innen, souwéi och Elteren, Kolleegen a Proffen, konnte fir hire Lycée Kilometer sammelen.

De Slogan war «Eemol op de Mound» an dat gouf och bal gepackt! D’Participanten aus all de Lycéeën hunn zesummen 383.370 Km gesammelt. Dat ass esou just net duergaang fir de Mound ze areechen, mee ëmmerhin ergëtt déi Distanz ganzer 9,57 Erdëmronnungen.

Och bei eis am Lycée gouf mat vill Energie a Freed matgeradelt. 85 Persounen haten sech ugemellt. Dobäi ass den LTETT zum Schluss op déi fantastesch 6.Plaz komm, dëst matt 15.104 gesammelte Kilometer. Am Verglach zu den aneren Nordstad Lycéeën ass den LTETT op der 2. Plaz gelant. Mir soe Bravo a Merci un all déi Leit, déi fir den LTEtt matgefuer sinn!

Besonnesch wëlle mir natierlech eise Schüler*Inne gratuléieren! Leider kënne mir se net all eenzel opzielen, mee mir kënnen awer soen dass den Tim vun der 2GSO2 sech besonnesch druginn huet! Bal all Dag ass hien op de Vëlo geklomm an ass dobäi op 882 Kilometer komm!  Bravo Tim!
Och de Johan vun der 3GPS2 huet 195 Kilometer bäigedroen.

Mir freeën eis elo schonn op dat nächst Joer!

Skip to content