Gudde Moien,
Heimat wollte mir als Equipe vum Hanosch nach eng Kéier den Hanosch virstellen an informéieren, wéi dir als Enseignant Schüler bei eis kennt umellen.
Den Hanosch ass fir déi Schüler geduecht, déi keng Hausaufgabe gemaach hunn a se an der Schoul sollen noschreiwen. (HANOSCH = Hausaufgaben noschreiwen)
Et soll net als Retenue oder Bestrofung genotzt ginn, mee wierklech just dann, wann de Schüler Hausaufgaben net gemaach respektiv vergiess huet.
Wéi kennt dir är Schüler umellen?
Schüler gi vun iech bei eis op der Mailadress gemellt. -> hanosch@ltett.lu. Spéitstens bis 14h00 muss de Schüler bei eis gemellt sinn. Falls de Schüler no 14h00 gemellt gëtt, da muss de Schüler den Dag drop kommen.
An der Mail soll dra stoen:
Haalt Iech w.e.g un dës Consignen, soss kenne mir net garantéieren dat d’Aufgabe komplett a korrekt gemaach sinn.
Fir all net excuséiert Absence kritt de Schüler een Non-excusée op seng Zensur. Ass dëst de Fall da kritt de Regent an den Enseignant, deen de Schüler geschéckt huet eng Mail. Doropshi muss de Regent, déi Absence am Klassebuch notéieren.
D’Schüler hunn awer Méiglechkeet sech mat enger Excuse vum Dokter oder vun den Elteren am Schülersekretariat ofzemellen.
Wéini a wou fënnt den Hanosch statt?
Méindes bis Freides vu 15h00-15h50 am Salle i143.
Op eng gutt Zesummenaarbecht,
MbG,
Joe WILTGEN
SePAS