Deeper Learning als Schlüssel zu zeitgemäßen Lernarrangements:

Léif SchiLW Delegéiert,

Mir freeën eis iech eis Konferenz Deeper Learning als Schlüssel zu zeitgemäßen Lernarrangements mat der Prof. Dr. Anne Sliwka (Universitéit Heidelberg) z’annoncéieren, déi den Donneschdeg, 24. Abrëll 2025 vun 18:00 bis 20:00 am Mama Shelter stattfënnt.

Deeper Learning steet fir eng Pädagogik, bei där d’Léieren esou strukturéiert gëtt, dass d’Schüler*innen sech substanziellt Fachwëssen uneegnen an dobäi gläichzäiteg Kompetenze wéi kritescht Denken, Kommunikatioun a Kreativitéit entwéckelen.
Wëssensuneegnung a kreativ Problemléisung ginn dobäi geziilt a mat modernen didaktesche Mëttel matenee verknäppt.
D’Léierpersoun hëlt hei verschidde Rollen an – vun der Planung a strukturéierter Wëssensvermëttlung bis hin zum Coaching an der individueller an adaptiver Ënnerstëtzung duerch Scaffolding a formative Feedback.

Dës Konferenz kombinéiert en Impulsvirtrag mat enger strukturéierter Phase vu kollektiver Resonanz. An enger entspaanter Atmosphär am Stil vun engem Café pédagogique gëtt Raum gebuede fir en oppene fachlechen Austausch mat der Referentin an tëschent de Participanten.

Mir géingen eis freeën, wann dir dës Konferenz iwwert är üblech Kommunikatiounskanäl bannent ärer Schoul géingt bekannt maachen. An der Spéngel fannt dir e Visuell deen dir fir dësen Zweck gär benotze kënnt.

Weider Informatiounen an den Zougang op d’Aschreiwung fannt dir ënner follgendem Link – https://ssl.education.lu/ifen/catalog/course/291644

Mir hoffen iech a vill vun äre Kolleege bei eisem Café pédagogique begréissen ze kënnen.

Bescht Gréiss

 

Sacha Dublin
Coordinateur – Accompagnement ES

IFEN – INSTITUT DE FORMATION DE L’ÉDUCATION NATIONALE

eduPôle – Walferdange