Zesumme mat Respect.lu an dem Centre Cinqfontaines:

Madamm, Monsieur,

no enger erfollegräicher Kollaboratioun 2024 freeën sech Respect.lu an de Centre Cinqfontaines, och an dësem Joer Är Schoulklassen op pedagogesch Filmscreenings vum Film “D’Land am Schiet” vum lëtzebuergesche Regisseur Lukas Grevis z’invitéieren.

De Film handelt vun engem klenge lëtzebuergeschen Duerf, an deem d’Besëtzerin vum Duerfcafé mat hirem neie Partner e Kulturzentrum fir Refugiéen wëll opbauen. Wéi dunn enges Daags d’Maskottche vum Duerf, de wëllen Hond, dout opfonnt gëtt, spléckt dëst dat ganzt Duerf an de Buergermeeschter leet Friemefeindlechkeet un den Dag.

Virun allem d’Theme vun der Radikaliséierung, Polariséierung a Stereotyppe stinn am Film am Vierdergrond an e weist, wéi eng Ausmoosse Gruppendynamik unhuele kann.

An de pedagogesche Filmscreenings gëtt als éischt de Film gewisen an duerno hunn d’Schüler an d’Schülerinnen d’Geleegenheet, mat Experte vu Respect.lu an dem Centre Cinqfontaines iwwert dës Themen ze diskutéieren.

De Film gëtt op véier Plaze fir Schoulklassen ab 5ième gewisen:

  • Méindes, de 15.12.2025 am Ciné Orion zu Ëlwen, 12h00 – 15h00
  • Dënschdes, de 16.12.2025 am Ciné Scala zu Dikrich, 12h00 – 15h00
  • Mëttwochs, de 17.12.2025 am Ciné Le Paris ze Beetebuerg, 09h00 – 12h00
  • Donneschdes, den 18.12.2025 am Kinepolis um Kierchbierg, 09h00 – 12h00

De Film ass op Lëtzebuergesch mat engleschen Ënnertitelen.

D’Umeldung leeft bis den 28.11.2025 iwwer: https://www.snj.public.lu/movie-talk-dland-am-schiet/

Mir hu pro Screening nëmme begrenzt Plazen.

 

Mir géingen eis freeën, Är Klassen op engem vun dëse véier Deeg am Kino begréissen ze kennen.

Bei Froen kënnt Dir Iech u cinqfontaines@snj.lu wenden.

 

Mat frëndleche Gréiss

 

L’Equipe du Centre Cinqfontaines

Skip to content