Ee gelongene Start fir eis 2GSE !

De 25. September hat eis 2GSE hire “Kick off”-Dag. Dëst Joer sinn si zesumme mat hiren Enseignanten a Schüler vun der 1GSE op Wooltz gefuer wou si verschidden, flott Aktivitéite gemaach hunn. Doduerch konnten si sech an hir Sektioun besser kenneléieren. 

Hir Sektioun Ëmweltwëssenschafte kruten si vun aktuellen a fréihere Schüler:inne vun der 1GSE virgestallt, déi hinnen och vill Rotschléi mat op de Wee ginn hunn fir dat neit Schouljoer! Ënnert anerem hu si hinnen d’Fach PPREN (Projet personnel encadré) méi no bruecht. 

Hei nach e puer weider Andréck vun hire verschiddene Visitten: 

– Op der Ausstellung „Jenseits der Grenzen unseres Planeten“ am Circular Inovation HUB vun der Wëlzer Gemeng

– An der Beieschoul Wooltz 

– Op der Toutschemillen

Skip to content