Den 31.03.2025 ass déi 2.Editioun vum Kniwweldag am LTEtt!

Gudde Mëtteg léif Alleguer,

Och dëst Joer wëlle mir nees de “Kniwweldag” fir eis 6e-Schüler ofhalen. 

Eis Schüler kréien hei d’Méiglechkeet hier Feinmotorik/Grobmotorik/Fantasie/Logik z’entdecken- ze weisen- z’erliewen.

D’lescht Joer waren immens flott Atelieren dobäi an dat ass gaange vun Neel aschloen, iwwer Logikspiller, Videoen dréien, e Reebou erschafen, bis hin zu Upcycling, Lego bauen, Kraider uplanzen an nach villes méi.

Vläit ass an eisem Lycée deen een oder aneren deen en intressanten Hobby huet an dee vläit als Atelier wéilt ubidden. Dir sidd all wëllkomm.
Wéini: Méindes moies vun 8.05 – 11.40 Auer, den 31.3.2025 virun der Ouschtervakanz.
D’6e-Schüler hätten sou e grousse Choix (+- 20 Ateliere wollte mir ubidden) a kéinten an deem Moien der véier maachen. All Atelier dauert eng Schoulstonn, d.h. 50 Minutten. Hätt dir lo en Atelier deen awer mi laang dauert, da kann een och zwou Schoulstonne kréien.
Eis Fro un iech: Wäert dir motivéiert an hätt dir Zäit e klengen Atelier unzebidden, egal ob dat am Holz, e Knapp ubitzen, Bieren andréinen, de Fonctionnement vun enger Heizung kenneléieren, Bigoudien aleeën, eppes Kulinaresches preparéieren etc ass, är Iddien, Motivatioun an Ënnerstëtzung si wëllkomm.
Am Anhang fannt dir en Ziedel deen dir direkt kennt ausfëllen an un d’Christiane Lippert zréckschécken, oder him an d’Case leeë kënnt.
Léif Gréiss
Carole, Nathalie, Henri a Christiane
Skip to content