Wee geduecht huet dass Beachvolleyball just bei 30 Grad op der Plage gespillt géif ginn, huet sech geiert! 3 motivéiert Schüler aus dem LTETT hunn de 17. Oktober 2024 um 3 géint 3 Championnat vun der LASEL zu Lëntgen deelgeholl. Si hunn sech daper geschloen an deelweis am Ree gespillt. All Respekt un d’Camila B. (2GSOF), den Ivanildo V. (2G2) an de Kevin L. (3TPST1) fir hiren Asatz.
En plus hu Si ee super Resultat erziilt! Vun insgesamt 26 Ekippen ass no enger knapper Defaite an der Halleffinall eng 4. Plaz dobäi rauskomm. Mir felicitéieren hinne fir déi gutt Leeschtung!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy