Den LTett huet um Lasel Futsal Championnat zu Dikrech deelgeholl an eis Jongen hunn nawell gutt ofgeschnidden! An der Virronn ass eng super 1. Platz erausgesprong an domadder konnte si sech mat 3 Victoiren aus 3 Matcher (géint den LCD, LTA an NOSL) fir d’Finalronn qualifizéieren. Matgespillt hunn: Francisco S.,Pedro M., Jeff K., Hugo D., Goncalo M., Kamil C. a Rafael F.
An der Finalronn huet d’Ekipp sech och erëm super geschloen a si konnte bis an d’Halleffinall kommen, wou si dunn awer leider géint de spéidere Gewënner LTB verluer hunn. Trotzdeem konnten d’Jongen natierlech ganz zefridde mat hirer Leeschtung sinn an och mir gratuléieren hinnen! An dëser Ronn hu matgespillt: Hugo D., Goncalo M., Kamil C., Rafael F., Noa S., Goncalo B. an Tiago D.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy