Plaz 1. fir d'Minimes-Ekipp aus dem LTEtt!

Den 8. Mee ass eis Minimes Ekipp an der finaler Ronn am Football Championnat vun der LASEL am LGL ugetrueden. An der Halleffinall kruten d’Leit vill Goler ze gesinn; d’Ekipp aus dem LTEtt huet mat 5-3 géint de Sportslycée gewonn fir dann dono an enger spannender Final de Maacher Lycée mat 1-0 ze klappen a sech den Titel ze sécheren! Mir soe Merci fir d’Participatioun a felicitéieren dem Adrian, dem Gabriel, dem Goncalo, dem Jayson, dem Alpha an dem Leandro!