Ufank Oktober 2022 sinn all d’7ième-Schüler:innen aus dem LTEtt op Lëlz op d’Base Nautique gaange fir d’Klasseklima an d’Gruppendynamik an der Klass ze fërderen.
Mat verschidde flotten Aktivitéite wéi Kayak, Kanu, Mountainbike, Klammen a Geocaching hunn sech Klassen ee schéinen Dag um Stauséi gemaach.
Duerch dës Aktivitéiten, bei deenen Enseignanten an de SePAS matgaange sinn, sollen d’Schüler:innen sech besser ënnerteneen an och hier Begleetpersoune kenneléieren.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy