Gudde Metteg Alleguer, (w.e.g. bis zum Schluss liesen!)
Eis LTEtt Summeraktivitéit 2025 ass dëst Joer e Méindeg, de 14. Juli en Ausfluch op de Belval mat Visite vum Héichuewen. Fir alles kennen ze plangen, maache mir elo e Sondage, fir erauszefanne wéi vill Leit ongeféier matginn, dëst ass deemno eng Aart „Préinscriptioun“, dir musst iech awer spéider nach eng Kéier richteg umellen (a bezuelen).
De Programm ass follgenden: Depart mam Bus zu Ettelbréck virun der Schoul no der Plenière (ca 11:30), duerno géint 12:30 iessen an engem Restaurant um Site Belval, uschléissend Visite vum Héichuewen an der Cité des Sciences (Dauer: 90‘), duerno Méiglechkeet vun engem klenge Patt, de Bus wäert da géint 17:00 zeréck op Ettelbréck fueren. Duerno besteet, op Wonsch nach d’Méiglechkeet eppes zu Dikrech iessen ze goen (hei ass awer keen Transport méi geplangt). Wat mir elo wësse mussen ass wie mat op de Belval fiert an och do eppes ësst, wien de Bus hëlt a wien owes nach mat op Dikrech geet. Wéi gesot dëst ass just e Sondage, mee et wär awer gutt, wann dat eenegermoossen d’Realitéit géif erëm ginn, well soss d’Reservatiounen an de Restos, vum Bus an der Visite schwiereg gëtt. Merci deemno fir d’Matmaachen!
Hei ass de Link zum Forms-Sondage: https://forms.office.com/e/h9SbDFB4eX?origin=lprLink
Léif Gréiss,
äer CDC