Screen-Life-Balance am LTEtt

Déi privat sozial Medien, de Smartphone an all déi connectéiert Geräter hu prinzipiell keng Plaz am Unterrecht a bei soss Aktivitéite vun der Schoul, wann et net explizit aus pädagogesche Grënn gewollt ass. Et ass eis bewosst, dass d’Oflenkung duerch déi sozial Medien an déi domat verbonne stänneg Noriichten a Messagen, eng produktiv Aarbechtsathmosphäre verhënneren an domat eise Schoulalldag negativ beaflossen.

Follgend Reegele goufen am Conseil d’éducation vum LTEtt festgeluecht a sinn ab dem 1. Juni 2025 ze berücksichtegen:

  • De Smartphone vum Schüler gëtt virum Cours oder virun der Aktivitéit an déi entspriechend Këscht geluecht an ass domat aus der Siicht vum Schüler.
  • All aner connectéiert Geräter ( Smartwatch, Kopfhörer, …),  déi net fir de Cours/d’Aktivitéit gebraucht ginn, gi wärend dem Cours/der Aktivitéit eweggepaack a sinn och ausgeschalt. Et ass deemno keng Plaz fir de perséinleche SocialMedia-Konsum. Alles wat awer e professionellen Charakter huet, ass autoriséiert, wann den Enseignant dat esou autoriséiert.
  • All Schüler vun all Alter a vun all Klass ënnerläit de selwechte Reegelen.
  • De Gebrauch vum Smartphone aus medezinesche Grënn ass erlaabt. Och do muss de Régent (en Enseignant) säin expliziten Accord ginn, an déi betraffen Enseignanten informéieren.
  • Wann de Schüler während de schouleschen Aktivitéite muss vun den Eltere kontaktéiert ginn, da geschitt dat iwwer d’Schülersekretariat. Am Virfeld ugekënnegten Noutfäll däerf de Schüler beim Régent/dem Enseignant den Accord froen, fir de Smartphone op der Bänk leien ze hunn. De Régent informéiert seng équipe pédagogique. Dat gëllt och fir Schüler, déi selwer Mamm/Papp sinn an evt an Noutfäll musse vun der Crèche oder der Schoul kontaktéiert ginn. Bei aneren Aktivitéiten ass et de Responsabelen vun der Aktivitéit, dee muss den Accord ginn.
  • Dat ganzt Personal vum Lycée geet mam gudde Beispill vir a schränkt de Gebrauch vum Smartphone an de connectéierte Geräter aus perséinleche Grënn op e strikte Minimum an.
  • Op follgende Plazen ass keng Plaz méi fir de Konsum vu soziale Medien, deemno muss de Smartphone an all aner Geräter eweggepaackt sinn:
    • An der Bibliothéik
    • An der Kantin
    • An de Gäng an an den Trapen (och aus Sécherheetsgrënn)
    • Op der Toilette an an de Vestiairen
  • De Smartphone kann deemno, während de Pausen, am Haff an am Préau genotzt ginn.

Sanctiounen:

  • Änlech wéi bei anere Vergehen, gëtt et e Stufemodell:
    • Blâme
    • Strof
    • Retenue
    • Exclusioun
  • De Régent gëtt ëmmer informéiert.

nach 2 wichteg Remarken:

  • Déi verschidde Comitéen (Schüler, Elteren,Personal) wäerten sech reegelméisseg mat der Direktioun zesummesetzen a kucken, ob d’Reegelen vum Screen-Life-Balance ugepasst musse ginn.
  • Mir encouragéiere jiddwereen, am Kader vum Screen-Life-Balance, fir de Smartphonekonsum ze reduzéieren an un deene villen flotten Aktivitéiten ze participéieren, déi fir jiddwereen ugebuede ginn.