Den 29. Abrëll hu sech am Mariendall verschidden S-Team-Gruppen, aus ënnerschiddleche Lycéeën zesummefonnt, fir un engem landeswäiten Austausch deelzehuelen.
Dësen S-Meet war dëst Joer besonnesch, well och jonk Ambassadeuren vu Bréissel deelgeholl hunn. Duerch Atelier’en, Gespréicher an Aktivitéite gouf den Dialog tëschent de Schülerinnen a Schüler gefuerdert an nei Iddie sinn entstane fir de schoulesche Mateneen ze stäerken.
D’Zil vum Austausch war et, Iddien ze deelen a gemeinsam Léisungsusätz fir e positive Schoulklima ze fannen – mat engem oppene Bléck an engem Wëllen, zesummen eppes z’änneren an sech fir e respektvollen Zesummeliewen ze engagéieren.
Begleeder: Véronique Feltes, Mandy Schweig, Carole Schroeder, Max Rodenbourg
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy