Léif Enseignantë,
Dir hutt déi super Geleeënheet Är Klass fir eisen Danzspektakel KHAOS vum Saeed Hani unzemellen!
Dëst bitt de Schüler.innen d’Méiglechkeet aktiv bei enger Prouf vun enger professioneller Danzopféierung matzewierken.
Dat de Mëttwoch, de 17. Mee 2023 vun 10h00 – 11h30 am Mierscher Kulturhaus
Ugefaange mat engem Kuerz-Workshop an deem d’Schüler.innen an Thematik vum Stéck agefouert gi an alles ronderëm den Opbau vum Stéck gewuer ginn.
Duerno léieren d’Schüler d’Dänzer an d’kënschtlerescht Team kennen an dierfen um Warmup vun de professionellen Dänzer deelhuelen an aktiv matmaachen. Hei si Sportskleeder oder Kleeder an deenen d’Schüler sech gutt beweege kënne vu Virdeel!
Uschléissend weisen d’Kënschtler de Schüler verschidden Deeler vun der Virstellung a zesumme kënnen si mam Team hier Gedanken, Iddien, etc austauschen. De Feedback an d’Impulser vun de Schüler a Schülerinne gi vum Team opgegraff an no Méiglechkeet an de kënschtleresche Prozess abezunn. Eng wonnerbar Geleeënheet fir hannert d’Kulisse vun enger professioneller Produktioun luussen ze kënnen an matzewierken.
Dës Schoulesch Prouf ass gratis an oppe fir Klasse vu 5e bis 1ere, d’Unzuel vun de Klassen ass limitéiert, also maacht Iech séier bäi!
Umëlle kënnt Dir Iech ënner scolaires@kulturhaus.lu
Weider Informatioune fannt Dir hei: KHAOS – Kalenner – Mierscher Kulturhaus