Literatur a Jugend am Theater - Neie Jugendprogramm 25/26:

Léif Enseignantë,

de Mierscher Theater presentéiert och dës Saison e Jugendprogramm, dee staark u literaresch Referenzen ugeknäppt a bitt domat eng wäertvoll Ergänzung zum Lycéesunterricht.

Dëst Joer leeë mir e Schwéierpunkt op Jugendliteratur, woubäi mir verschidde Stécker vun Auteur:innen weisen, déi och am Léierplang eng wichteg Roll spillen:

·       Robert Louis Stevenson: Die Schatzinsel
– e Klassiker vun der Abenteuergeschicht, ideal fir Froen iwwer Courage, Frëndschaft an d’Sich no Identitéit.
– Ergänzend bidde mir eng Konferenz un: Robert Louis Stevenson und seine Bande – e Portrait vum Auteur a sengem Universum vum Prof.Dr.Heinz Günnewig

·       Friedrich Dürrenmatt: Die Panne
– eng grotesk Parabel iwwer Geriicht, Gerechtegkeet a Schicksal an déi emotional Manipulatioun.

·       E.T.A. Hoffmann: Der Sandmann
– eng Erzielung tëschent Romantik a Schauer, déi perfekt un d’Themen vum „Unheimlechen“ an d’Analyse vun der Fantasie upaakt.

·       Franz Kafka: Brief an den Vater
– en intimt a schmerzhaft Dokument vu Familljerelatiounen a Muechtstrukturen.

·       J.M. Barrie: Peter Pan
– e Klassiker iwwer d’Sehnsucht nom Erwuessen an d’Kraaft vun der Fantasie. 
Dës Produktioun gëtt vu Schüler aus dem Lycée Ermesinde produzéiert a gespillt.
– Mat der Konferenz Die Geburt von Peter Pan gëtt den Prof.Dr.Heinz Günnewig spannenden Abléck an d’Genese an vermëttelt d’kulturell Bedeitung vun dëser bekannter Figur.

Dës literaresch Basis gëtt ergänzt duerch weider spannend Produktiounen:

·       Hamsterrad – iwwer den Drock a Mechanismen vun eiser Leeschtungsgesellschaft.

·       MOTH – en interdisziplinäert Projet ënner der Leedung vum EDSUN, verbënnt Musek, Danz, Theater a Geschichtenerzielung, fir d’Themen Empathie, Kommunikatioun an mënschlech Relatiounen op eng immersiv a sensorësch intensiv Manéier ze exploréieren.

·       Locker Room Talk – e kritesche Bléck op Maskulinitéit an den haitegen Zäiten. Hei si mir och am Austausch mam Gläichstellungsministère an dem Service INFOMANN, fir en entspriechenden Kaderprogramm ze schafen.

·       HIGH – mäi perséinleche Coup de Cœur, dat sech mat Drogemëssbrauch bei Jugendlechen auserneesetzt. Hei bidden mir zousätzlech Atelieren a Kooperatioun mat der Suchtpräventioun, fir dëst Thema méiglechst nohalteg a pedagogesch verankert mat de Schüler:innen opzeschaffen.

Firwat mat de Klassen an den Theater kommen?

·       D’Student:innen erliewen d’Texter a Sujeten, déi si aus dem Unterricht kennen, an enger direkter, emotionaler a visuell starker Form.

·       Diskussiounen an Atelieren no de Stécker hëllefen, déi theoretesch Aarbecht mat konkreten Erfarungen ze verbannen a féieren zu enger méi déifer Reflexioun.

·       Theater gëtt esou zu enger Ergänzung an engem Impuls fir d’Analyse am Klassenzëmmer.

👉 De ganze Jugendprogramm fannt Dir hei: mierschertheater.lu/programm/?filter=18

Fir all weider Informatioun stinn ech Iech gären zur Verfügung. Gären organiséieren mir mat Iech zesummen, Classestémoin  – dat si Klassen, déi wärend enger Produktioun en direkten an exklusiven Abléck an eis Aarbecht kréien, an d’Produktioun involvéiert ginn an och bei Prouwen derbäi sinn. Och si mir frou aner Forme vu Kooperatioun mat Iech als Enseignant:innen ze entwéckelen, fir de Schüler:innen den Theater esou no wéi méiglech ze bréngen.

Mir géife eis freeën, Iech a Är Schüler:innen dës Saison am Theater begréissen ze dierfen a gemeinsam Literatur an Theater ze erliewen.

Mat beschte Gréiss
Monique Hartmann
an déi ganz Equipe vum Mierscher Theater

Mir wënschen Iech eng schéi Rentrée
Skip to content