En Theaterstéck iwwer Diversitéit, Akzeptanz an Selbstvertrauen:

Léif Enseignantë,

Wat heescht et, “normal” ze sinn? Wéi gi gesellschaftlech Normen definéiert – a wien decidéiert, wat dozou gehéiert? Dës Froen stellt d’Stéck “Norman, c’est comme normal, à une lettre près”, dat op spilleresch an ënnerhaalend Aart a Weis d’Themen Identitéit, Toleranz a gesellschaftlech Viruerteeler behandelt.

Norman ass e jonke Bouf, deen et einfach léiwer huet, Kleeder ze droen, déi fléien, wann hie sech dréint. Wéi hien d’Erlaabnis kritt, an der Schoul e Rack unzedoen, entwéckelt sech de gewéinleche Schoulwee op eemol zu engem Challenge. Wéi reagéieren d’Matschüler? Wéi d’Léierpersonal? A virun allem: Wéi geet seng eegene Famill domat ëm?

Dëst Stéck verbënnt Theater a Beweegung, Witz an Déift, dat déi Jonken (an och Erwuessenen) encouragéiere soll, iwwer d’Froen vun Diversitéit, Akzeptanz an Selbstvertrauen nozedenken – ganz ouni Moraliséieren, mee mat vill Humor a Sensibilitéit.

📖 E pädagogeschen Dossier gëtt Iech Material an Usätz, fir d’Theemen viru bzw. no der Virstellung an der Klass weider ze diskutéieren.


🗣 Sprooch: E liicht verständlecht Franséisch

📖 Ideal fir Klassen vun 7e – 5e

📅 Et si nach Plazen fräi fir folgend Schoulvirstellungen:

  • Mëttwoch, den 26.03.2025 – 10:00
  • Mëttwoch, den 26.03.2025 – 14:30
  • Donneschdeg, den 27.03.2025 – 10:00
  • Donneschdeg, den 27.03.2025 – 15:00(Maison Relais & Public)

💰 Präisser:

  • 7€ pro Schüler
  • 14€ pro Erwuessenen
  • Op 10 Schüler kritt een Enseignant den Entrée gratis!

https://mierschertheater.lu/manifestation/norman-cest-comme-normal-a-une-lettre-pres/

Mir géifen eis freeën, Är Klassen zu dëser besonnescher Virstellung begréissen ze kënnen! 

Falls Dir interesséiert sidd oder nach Froen hutt, kënnt Dir Iech gär iwwer dës Email bei mir mellen: scolaires@mierschertheater.lu

Mat frëndleche Gréiss,
Monique Hartmann

……………………
 
Monique Hartmann
Responsable Programme Jeunes
 
Mierscher Theate