Ee wichtege Workshop fir d'3e-Klassen aus dem LTEtt!

Den 23. Mee hate mir, wéi all Joer, eng MSR (Mobilité et sécurité sur la route) – Schoulung bei eis am LTEtt. Dëse wichtege Workshop gëtt gehale fir eis 3e Schüler well si an den Alter komme fir mam Führerschäin unzefänken. 

Nieft dem Personal aus dem Centre de Formation pour Conducteurs vu Colmar-Bierg war och ee Member vun der Police sur Place fir ze informéieren. Ugefaangen huet den Dag mat enger interaktiver Diskussioun am Festsall wou d’Schüler och Videoen a Statistike gewise kruten. 

Dono ass et iwwergaangen an de prakteschen Deel a Form vu verschiddenen Atelieren, wéi ënnert anerem engem Gurtschlitt an engem Iwwerschlagsimulator, wou d’Schüler sech selwer konnte rasetzen an d’Impakter spieren. Et stoungen och 2 accidentéiert Autoen am Haff vun eiser Annexe an et gouf eng Bremsdemo gewisen.

D’Schüler konnten deen Dag ganz vill Andréck sammelen a mir hoffen dass si deen opreegende Schrëtt vum selwer Fuere ganz gewëssenhaft uginn a gutt oppassen am Stroosseverkéier.

Skip to content