La plateforme de ressources en ligne pour l’autisme et l’éducation inclusive au Luxembourg:

Mir si frou, Iech d’Plattform HASILUX virzestellen (www.hasilux.lu), déi zënter dem 15. Januar online ass. HASILUX ass eng nei digital Ressource déi all wichteg Informatioune ronderëm Autismus an Schoulinklusioun zu Lëtzebuerg zesummestellt. 

D’Plattform bitt: 

  • Schonn iwwer 60 Artikelen zu Autismus a Bildung an 3 Sproochen 

  • Praktesch Rotschléi vu Fachleit a Léierpersonal 

  • Erfarungsberichter vun autisteschen a betraffene Persounen 

  • Eng komplett Lëscht vun den Ulafstellen 

  • Eng FAQ-Rubrik (gëtt nach weider ausgebaut) 

D’HASILUX-Autorenteam besteet aus Fachleit aus dem Autismus- a Bildungsberäich, dorënner och Enseignanten aus Lycéeën. D’Entwécklung vun dëser Plattform gëtt vun der Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte ënnerstëtzt. 

www.hasilux.lu

🗓️ Gären organiséiere mir och eng kuerz Online-Presentatioun fir interesséiert Lycéën. Datumer fannt Dir op dëser Säit

📧 D’Léierpersonal wéi och d’pedagogescht Personal an d’Administratioun sinn häerzlech wëllkomm. Fir d’Participatioun kënnen déi interesséiert Leit sech einfach op team@crunchbox.lu umellen. 

Skip to content