Nohaltegkeet an Ëmweltschutz geet eis all eppes un!

Wärend enger Woch konnten d’Schüler*Innen aus dem LTEtt un den Nohaltegkeetsdeeg, wou de Fokus op d’Ëmwelt an d’Nohaltegkeet geluecht gëtt, deelhuelen. Sief et bei engem Virtrag/engem Workshop vun externen Organisatiounen oder der Ausstellung «Antigaspi» oder «Wir alle sind Zeugen – Menschen im Klimawandel» vun der ASTM. D’ASTM huet ausserdeem de Film «Illusion of abundance» gewisen; ganzer 6 Klassen hunn dovu profitéiert an zum Ofschloss gouf et eng Diskussiounsronn iwwert dee Film.

Wat geschitt mat Uebst/ Geméis, dat net esou perfekt ausgesäit? Wat geschitt mat mengem Handy, wann ech en net méi wëll? Wourobber soll ech beim Kaf vu Kleeder oppassen? Wouhinner mat futtissen Elektrogeräter? Aus wéi engem Material besti meng Kleeder? Op dës an nach vill aner Froe kruten d’Schüler*Innen an deene verschiddenen Workshoppen eng Äntwert.

Ee grousse Merci un all Intervenant, dee bei eis an den LTEtt komm ass fir eise Schüler dës wichteg Theme méi no ze bréngen!

Hei eng ganz Rei Andréck vun eiser Nohaltegkeetswoch:

Atelier Windmobile:

An dësem Atelier hunn d’Schüler mat Lego-Technik ee Wandgenerator konnte bauen an an engem Wandkanal teste wéi vill Stroum dee produzéiert a wéi eng Bauform déi optimaalst dofir ass. Wéi all Joer, haten d’Schüler vill Spaass un dësem Atelier!

Workshop « Un avenir sans eau » vun der PADEM

D’6GIF1 huet un dësem Workshop deelgeholl an et war immens interessant well d’Schüler sech unhand vu Spiller bewosst goufen, wéi vill Waasser mir benotzen an dass et net iwwerall op der Welt esou einfach ass wéi bei eis. De Message, dass mir d’Waasser solle schätzen, ass hinne no dësem Workshop ganz kloer gewiescht.

Eis Schüler hunn am Kader vun hirem Fach "Gestion de projets" iwwwert den Déiereschutz an d'Aarbecht vun der "Stëmm vun der Strooss" opgekläert:

Am Kader vum Fach “Gestion de projets” hunn sech 3 Schüler zesumme gedoe fir sech sozial an nohalteg z’engagéieren. Et war hinne wichteg sech net nëmme fir Mënschen, mee och fir Déieren a Nout anzesetzen an domat hunn si entscheet, d’Associatioun “Stëmm vun der Strooss” an d’Gaasperecher Déierenasyl z’ënnerstëtzen.

Nieft enger grousser Spendesammelaktioun, hunn si och Opklärungsaarbecht geleescht andeems de Schüler aus dem LTEtt béid Veräiner an deenen hir Missiounen am Alldag presentéiert goufen. Den Här Bob Ritz, Chargé de communication bei der «Stëmm vun der Strooss” war wärend eisen Nohaltegkeetsdeeg op Besuch an huet de Schüler op all hir Froe Ried an Äntwert gestanen.

Repas insolent - Fondation Follereau

An dësem interaktive Seminär sinn déi 16 Schüler op 5 geografesch Regiounen opgedeelt ginn : Proportionell zu der Populatioun, mam Räichtum an den natierleche Ressourcen déi se hunn.

D’Schüler hunn sech duerno mussen arrangéiere fir ze verhandelen oder sech ze huele wat si brauche fir ze liewen. Et ass héich hiergaang, bis d’OMC (Organisation Mondiale du Commerce) sech agemëscht huet, fir Uerdnung ze schafen.

D’Schüler hunn op eng interessant a engagéiert Aart a Weis geléiert, wéi ongerecht et dacks op der Welt hiergeet, a firwat den internationalen Handel a Fairness wichteg sinn.

Ausstellung AntiGaspi

Op eng spilleresch an interaktiv Aart a Weis sinn d’Schüler op der Ausstellung AntiGaspi op de Problem vun der Liewensmëttelverschwendung opmierksam gemaach ginn.  Op 6 verschiddene Statioune kruten si Informatiounen an alldeeglech Tipps am Ëmgang mat Liewensmëttel vermëttelt. 

Een nohaltege Frühstücks-Buffet:

Am Kader vun den Nohaltegkeetsdeeg haten d’6P-Schüler Moies ee Frühstücksbuffet. Et gouf ee grousse Choix u gesonden a fairtrade Liewensmëttel an et huet de Schüler gutt geschmaacht!

Präsentatioun vu Sea Shepherd

Am Kader vun der Nohaltegkeetsdeeg huet d’3TPCM1 eng Präsentatioun vu Sea Shepherd besicht. Hei kruten si en Iwwerbléck iwwer d’Aarbecht vun den Associatiounen déi sech fir d’Wuel an d’Erhale vun den Déieren asetzen, firwat se sou wichteg sinn a wéi sech sech organiséieren. Des weidere kruten si en Abléck an d’Organisatioun vun enger Campagne: wéi setzt sech eng Crew zesumme, wéi laang si se ënnerwee, wat sinn d’Geforen um Mier, wat sinn hir Aufgaben um Boot, a wat maachen se wann se op e Fëscherboot treffen. D’Schüler hu ganz opmierksam nogelauschtert an och Froe gestallt.

Foodprint

An dësem Workshop huet hunn d’Schüler aus de 6G-Klassen en Abléck an d’Thema “mënschleche Foussofdrock op der Äerd” kritt. Dëst méi genee am Beräich vum Iessen. Si hu geléiert, wéi een Afloss d’Hierstellung vun eenzelne Produiten op eist Klima huet a sinn sech bewosst ginn, dass eis Iesswueren aus ganz ënnerschiddlechen Deeler vun der Welt kommen a si net all d’selwecht ëmweltfrëndlech sinn. An dem flotten an interaktive Workshop hu si Alternativen erschafft, wourop ee bei der Liewensmëttelkonsommatioun kann oppassen, fir méi nohalteg ze liewen.

The Illusion of Abundance

Den Dokumentarfilm “The Illusion of Abundance” begleed dräi Landverdeedegerinnen a Peru, Brasilien an Honduras, déi sech fir de Schutz vun de natierleche Ressourcen an d’Rechter vun de Mënschen asetzen, déi an enger vun de geféierlechste Regiounen op der Welt fir Land an Ëmwelt kämpfen. Am Joer 2020 goufen iwwer 220 Landverdeedeger ëmbruecht; déi meescht vun dësen Ugrëffer hu sech a Lateinamerika ofgespillt. No der Virféierung huet eng Diskussioun mat der Association Action Solidarité Tiers Monde statt fonnt.

Workshop "Food4Future"

Workshop “Flicken statt Ersetzen”

D’Gänsespill vum Buttek “Onperfekt” hat d’Thema Liewensmëttelverschwendung am Mëttelpunkt

Ausstellung “Wir sind alle Zeugen – Menschen im Klimawandel”

Skip to content