Stage écologique 2026: Ënnerwee op der Norderney!

Och dëst Joer hunn eis Schüler aus de Klassen 3GPS/F an 3GSN/F um traditionelle Stage écologique op der Norderney deelgeholl. No enger laanger Rees mat Bus a Fär ass fir déi 52 Schüler eng spannend a léierräich Woch op der Insel ugaangen. 🌊⛴️

Am Mëttelpunkt vum Stage stoung d’Entdeckung vun der Natur an dem Ökosystem vum Wattenmier. D’Schüler hunn um Strand a am Watt gefëscht, verschidde Prouwe gesammelt an dës am Laboratoire analyséiert. Dobäi hu si vill iwwer d’Miereswelt, d’Déieren- a Planzenaarte souwéi d’Zesummespill tëscht Natur, Wieder an Ëmwelt geléiert. 🔬🦀🐟

Och d’Vullebeobachtung an d’Erfaasse vu Wiederdonnéeën hu fir vill spannend Ablécker gesuergt. Mat vill Motivatioun an Teamgeescht hunn eis Schüler observéiert, dokumentéiert an hir Resultater zesumme diskutéiert. 🌦️🪶

Nieft de wëssenschaftlechen Aktivitéiten ass och de Spaass net ze kuerz komm: gemeinsam Erliefnisser, impressionnant Landschaften an Ausflich an de „wëllen Osten“ vun der Insel hu fir flott Erënnerunge gesuergt. De Stage gouf mat enger stëmmungsvoller Gruppenfoto beim Sonnenënnergang ofgeschloss – e perfekte Schluss vun enger onvergiesslecher Woch. ☀️

Skip to content