Sonndes, den 18. Mee war den offizielle Start vun den Aktivitéite vum Lycée Technique d’Ettelbruck am Kader vun der LUGA. Op engem Tour duerch de 6 ha groussen Arboretum gouf ee villes iwwert d’Geschicht vum Arboretum gewuer, awer och iwwert déi ganz besonnesch Planzen, déi een hei fënnt. Nieft botanesche Raritéite sinn hei z.B. d’Klimabeem interessant. Vum Arboretum inspiréiert gouf awer och de Kënschtler Daniel Mac LLOYD, deen den Tunnel tëscht dem Haaptgebai vum LTEtt a senger Annexe an e Mini-Arboretum verwandelt huet! Feierlechen Ofschloss vum Dag war d’Aweiung vun dësem Konschtwierk duerch de Buergermeeschter vun der Ville d’Ettelbruck. En décke Merci vum LTEtt un d’Gemeng an den Daniel Mac Lloyd fir déi gutt Zesummenaarbecht!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy