Als Ofschloss vun hirem Projet personnel encadré hunn d’Céline Mangen an de Joey Conzemius vun der 1GSE zesumme mam Cycle 3.2 aus der Gemeng Biekerech ee Bëschhotel opgebaut. Heizou goufen als éischt zwee Spiller mat de Grondschoulkanner zu de verschiddenen Déieren am a ronderëm de Bësch gemaach. Duerno goufen zesummen déi eenzel Deeler opgebaut a gefëllt. Zum Ofschloss kruten eis fläisseg “Mataarbechter” zwee Uebstigelen offréiert. E grousse Merci un d’Léierpersonal vum Cycle 3.2, de Fierschter a seng Ekipp vu Biekerech an Miscanthus asbl fir déi flott Zesummenaarbecht.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy