Den Educatiounsministère ass vum Inneministère kontaktéiert ginn, wéinst engem online Concours, dee vum Accord EUR-OPA Risques majeurs, enger Kooperatiounsplattform am Beräich vu Katastropherisiken, a vum BeSafeNet Projet organiséiert gëtt.
De BeSafeNet Projet huet ënnert anerem als Zil, eng gewësse Sécherheetskultur am Beräich vu Katastropherisiken ze promouvéieren.
Den Accord EUR-OPA Risques majeurs an de BeSafeNet Projet invitéiere Schüler aus dem Enseignement Secondaire fir den 12. Mäerz um 9 Auer un enger online “Risiko-Olympiad” Deel ze huelen, an där se hiert Wëssen iwwert d’Risiken déi mat Naturkatastrophen a mat technologeschen Accidenter verbonne sinn, teste kënnen.
D’Iddi hannert dëser Olympiad ass et, déi Jonk zum Thema vun de Katastropherisiken ze sensibiliséieren an hinnen zousätzlecht Wëssen ze vermëttelen fir dass se besser ob esou Situatiounen reagéiere kënnen an doduerch de Schued fir de Mënsch, fir d’Ëmwelt an de Saachschued esou geréng ewéi méiglech gehale gëtt.
Dëse Concours baséiert sech op dem Internetsite vu BeSafeNet (Home – BeSafeNet), wou déi néideg Informatiounen zur Verfügung gestallt ginn.
Hei drënner fannt Dir den direkte Link zum Internetsite vun der BeSafeNet “Risiko-Olympiad”:
https://olympiad.besafenet.net/olympiad/
Weider Informatiounen zum Projet BeSafeNet an zu der Olympiad déi si organiséieren, fannt Dir och am Dokument an der Annexe.
Wann Dir dës Initiative eng gutt Iddi fannt, da kënnt Dir dës Informatioun gären un Är Enseignanten, respektiv un Är Schüler weiderleeden fir dass déi Interesséiert bei dësem online Concours matmaache kennen.
Mat beschte Gréiss / Mit freundlichen Grüßen / Meilleures salutations / Kind regards
LE GOUVERNEMENT DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG
Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse
Service de l’Enseignement secondaire