Op Visitt zu Leon a Spuenien:

Am Mäerz waren 2 vun eisen Enseignanten an 2 Memberen aus eiser Direktioun op Besuch zu Leon a Spuenie fir do d’Schoul “Instituto de Educación Secundaria FERNANDO I de Valencia de Don Juan” ze besichen. 

Zil vun dëser Visitt, déi iwwert de Programm Erasmus+ vun der EU organiséiert gouf, war et de spuenesche Schoulsystem kennenzeléieren an ze gesi wat d’Differenzen an d’Gemeinsamkeete par Rapport zu Lëtzebuerg sinn. Et ass hei virun allem em d’Voie de Préparation gaangen. D’Iddi ass fir eng Basis ze schafen a kënne gemeinsam Projeten ze starten. 

Fir sech kënnen ee genaut Bild ze maache, stoungen ënnert anerem Visitten an de Klassen um Programm. Donieft gouf et awer och eng Offer u kulturelle Visitten.

Skip to content