Am Kader vum Workshop „YOUstice“ , dee vum Zentrum fir politesch Bildung organiséiert gouf, hunn den 8. November d’Klassen 3GSNF, 3GPSF a 4GCMEA-1 d’Cité judiciaire besicht. Si hunn do gesinn, wéi ee Geriichtsprozess an der Praxis ofleeft. Duerno hu si anhand vun engem Mindmap hir eege Froen zum Prozess an dem Justizsystem virbereed, déi si dunn engem Affekot an enger Substitutin vum Parquet konnte stellen. Um Enn hu si ee fiktive Prozess, an deem jiddweree selwer eng Roll um Geriicht iwwerholl huet, virbereed, fir dee schlussendlech an engem Geriichtssall ze simuléieren.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy