Hei am LTEtt huet d’Orange Week net nëmmen eng Woch gedauert, mee direkt vum 22. November bis den 10.Dezember! An deene Woche wollte mir sou gutt et geet, een Zeechen géint Gewalt u Fraen a Meedercher setzen.
Dofir haten d’Leit aus eisem PSE sech follgend Aktivitéiten iwwerluecht:
– Et goufe Mandarinnen an der Paus verdeelt fir d’Schüler*Innen an d’Personal op d’Orange Week opmierksam ze maachen…
– Kreativatelieren goufen ugebueden, fir de Schüler*Innen d’Méiglechkeet ze ginn sech mat dësem wichtegen Thema ze befaassen an dëst och duerch d’Ubanne vu Flätsche sichtbar ze maachen.
– D’Gebai vum LTEtt gouf orange beliicht an de Preau gouf mat orange Prabbelien vum CNFL dem Thema passend dekoréiert.
Mir hoffe vill Leit zum Nodenken ugereegt ze hunn a soen all deene Schüler a Leit aus de verschiddenen Servicer Merci, déi hiren Deel zu dëse wichtege Woche bäigedroen hunn!