Am Kader vun der Woch vun der Demokratie huet eis 3GSO2 um Workshop vum Radio Ara deelgeholl.
D’Schülerinnen a Schüler hunn am theoreteschen Deel geléiert, wéi d’Medielandschaft zu Lëtzebuerg ausgesäit a wéi en een Interview virbereet.
Am prakteschen Deel missten d’Schüler*innen dunn hiert Wëssen um Feld ëmsetzen.
Ziel war et eng kleng Emissioun zum Thema Demokratie ze entwerfe mat de gefouerten Interviews, zousätzlechen Erklärungen an enger professioneller Moderatioun.