Den 20. an 21. September 2022 hunn rëm eis Sozialisatiounsdeeg „Prett fir den LTETT“ stattfonnt.
Ënnert der Devise „Peer to peer“ hunn alleguerten 1 GSO-Schüler:inne flott Aktivitéite fir d‘Klasse vun der 7ième a 4ième organiséiert a sou 4 Stonnen d‘Gruppendynamik gestäerkt a fir Spill a Spaass gesuergt.
Eis nei Schüler:inne konnten doduerch hir Klass besser kenneléieren, éischt Kontakter knëppen an Informatiounen iwwert eis Schoul an den Oflaf vum Schoulalldag kréien.
Mir soen de 1GSO-Schüler:inne villmools Merci fir hiren Engagement a wënschen hinne weiderhi bonne Chance fir hirt lëscht Joer an eisem Gebai!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy