Léif Alleguer,
Déi éischt Preventiounswoche fir dëst Schouljoer stinn virun der Dier. D’Thema ass “Mental Gesondheet” an si lafe vum 7. bis de 17. Oktober.
Bei eis am Lycée gi wéi ëmmer eng ganz Rëtsch Workshops organiséiert vum PSE, dat an Zesummenaarbecht mat eisen internen a externe Partner.
Dir fannt d’Aschreiwungsziedelen virun der Konferenz. Mellt iech gäre mat ären Klassen un! Umelle kënnt der iech bis de 30. September.
Eis ass et wichteg datt och eis Schüler informéiert sinn, dofir biede mir iech (d’Regentë vun all Klass) d’Informatioun datt d’Preventiounswoche stattfannen an den Teams ze setzen. De Flyer fannt dir am Anhang.
Hei eng kleng Iwwersiicht vun deenen zwou Wochen:
Mir freeën eis op eng gutt Zesummenaarbecht an hoffen op ee groussen Erfolleg.
Fir de PSE,
Sandra SCHMIT