"Mental Gesondheet" am LTEtt:

Och dëst Joer huet de PSE aus eisem Lycée sech erëm vill Méih ginn an huet déi 1. Preventiounswoche fir dëst Schouljoer organiséiert. Et geet em dat wichtegt Thema “Mental Gesondheet” an si lafe vum 10. bis den 20. Oktober.

Den 10. an den 11. Oktober sinn déi national Deeg “Prévention du Suicide”. Dat ass een Datum deen all Joer um Programm steet. Eis ass déi psychesch Gesondheet vu jidderengem immens wichteg, dofir fänken eis Preventiounswochen och mat dësen Deeg un.

Et gi wéi ëmmer eng ganz Rëtsch Workshops organiséiert vum PSE an an Zesummenaarbecht mat eisen interne a externe Partner. D’Enseignanten kënne sech an hir Klassen bis de 6. Oktober umellen! 

D’Schüler hunn och d’Méiglechkeet sech an Atelieren anzeschreiwen déi no der Schoul ugebuede ginn. Dofir mussen si sech selwer umellen. D’Offer fanne si am Préau op de Panneauen.

Nei ass datt mir dëst Kéier och extra Konferenze fir d’Personal a fir d’Elteren ubidden. D’Informatiounen zu dëse Konferenze kënnen um Panneau virun der Konferenz fonnt ginn.

Skip to content