De Sensibiliséierungsprojet 1001Tonnen@Lycée hat den 28.03. hei am LTEtt Vernissage. Wärend engem Trimester hu Schüler:inne vu 7 Klassen sech mat der Problematik Offall beschäftegt an d’Fotografin Jessica Theis huet mat hirer Ausstellung 1001 Tonnen eis Schüler:innen zu eegene Wierker inspiréiert an si beim kënschtleresche Schaffen ënnerstëtzt. Dës nei entstane Konschtwierker sollen lo rëm weider Jonker ureegen sech mam Thema Offall auserneenzesetzen an drop opzepassen, datt eis Ëmwelt net weider verschmotzt gëtt.
Am Lycée Technique Ettelbréck hunn eng 2e an eng 1e GSO an der Optioun Lifestyle Coaching wärend dem 2. Trimester eng ganz Rei Aktivitéite gemaach fir sech mat der Offallgestioun zu Lëtzebuerg auserneen ze setzen.
Et goufen insgesamt 4 verschidden Aktivitéiten: