Gudde Moien alleguer,
Vue datt d’Retenuë wéinst Absenteismus vun eis organiséiert a gehale ginn, wëlle mir Iech e puer wichteg Informatioune matdeelen:
Beispill:
De Schüler XY huet 6 Stonnen « non-excusées » a muss déi Stonnen nosëtze kommen.
1. Et ginn 3 Demandë à 2 Stonne Retenue via Intranet ausgefëllt.
2. Dee Moment mussen eis fir déi 3 Retenuen Aufgaben ofgi ginn, déi mir eis bei déi jeeweileg Deeg klasséieren, fir datt mir ee propperen Iwwerbléck behalen.
3. D’Aufgabe ginn no all Retenue vum Surveillant an Är Case geluecht.
Wann Dir nach eng Fro hutt, da kënnt Dir Iech gär bei eis am Sekretariat mellen.
Marie-Anne a Yannick (Secrétariat des enseignants)