Vue datt d’Retenuë wéinst Absenteismus vun eis organiséiert a gehale ginn, wëlle mir Iech e puer wichteg Informatioune matdeelen:
Mir hale just Retenuë wéinst Absenteismus (Absences non-excusées, VTT’s,…)
D’Retenue gi gehale vu Méindes bis Donneschdes, 15:00-16:40, am Sall 112 a mussen iwwer den Intranet ugefrot gi.
Pro Retenue, déi gehale gëtt, brauche mir Aufgaben, déi de Schüler ze maachen huet.
Dës si 24 h virun der Retenue bei eis ofzeginn an NET beim Schüler. Wa mir keng Aufgabe kréien, gëtt de Schüler heemgeschéckt.
Beispill:
De Schüler XY huet 6 Stonnen « non-excusées » a muss déi Stonnen nosëtze kommen.
1. Et ginn 3 Demandë à 2 Stonne Retenue via Intranet ausgefëllt.
2. Dee Moment mussen eis fir déi 3 Retenuen Aufgaben ofgi ginn, déi mir eis bei déi jeeweileg Deeg klasséieren, fir datt mir ee propperen Iwwerbléck behalen.
3. D’Aufgabe ginn no all Retenue vum Surveillant an Är Case geluecht.
Wann Dir nach eng Fro hutt, da kënnt Dir Iech gär bei eis am Sekretariat mellen.
Marie-Anne a Yannick (Secrétariat des enseignants)
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy