E Freideg, den 13. November 2026, ass am European Convention Center Luxembourg d’Labelzeremonie vum Projet „Sustainable Entrepreneurial Schools” ofgelaf. De Lycée Technique vun Ettelbréck huet dobäi säi Label um héchsten Niveau, N3 „Entrepreneurial Culture”, bestätegt. Fir d’éischte Kéier krut den LTEtt zousätzlech den „Financial Literacy Label”. D’Lycéeë kruten dësen als Weiderentwécklung am Beräich vun der finanzieller Bildung iwerreecht.
De ganze Projet ass eng Initiativ vum SCRIPT an Zesummenaarbecht mam Ekonomiesministère. Dëse belount Lycéeën, déi den entrepreneuriale Geescht, d’ekonomesch Nohaltegkeet, d’finanziell a wirtschaftlech Allgemengbildung an d’schoulesch a berufflech Orientéierung am Schoulalldag verankeren. Dozou gehéiere Workshops, Mini-Stagen, Virträg, Concoursen, Visitten an Challengen. Lycéeë kënnen dräi Niveauen erreechen: N1 Start-up, N2 Entrepreneurial Progression an N3 Entrepreneurial Culture.
Den LTEtt gehéiert zënter ville Joren zu de Laureaten an hält den héchsten Niveau. Dohannert steet déi ganz Schoulgemeinschaft: Léierpersounen, Schülerinnen a Schüler an extern Partner aus der Wirtschaft.
Den LTEtt seet all de Bedeelegten e grousse Merci fir hiert Engagement!