Den 10. März huet eise Grupp vum Schülertheater d’Stéck «RTEtt News» an zwou Sessiounen hei am Lycée opgefouert. Moies konnten d’Enseignantë mat hirer Klass kucke goen an Owes war den Optrëtt fir de Public zougänglech. An si haten nawell Succès, em déi 50 Leit haten sech deplacéiert fir dat lëschtegt Stéck kucken ze kommen! A si goufen net enttäuscht! Aus engem banale Méindeg Owend gouf een Owend op deem vill gelaacht ginn ass an een den Alldag fir eng kuerz Zäit konnt vergiessen. Mir soen deem ganze Grupp talentéierte Schüler Merci fir dëse flotten Owend! Ee grousse Merci geet och un de Milian Steffen, deen eis als Fotograph zur Säit stoung!
Hei e puer perséinlech Andréck vun eise Schüler aus dem Theatergrupp:
«Fir meng éischte Kéier bei der Theater Equippe, hat ech immensen Spaass! Sief et wärend de Prouwen oder och bei eisen Optrëtter. Eis Proffen dëst Joer, virun allem d’Madamm Steffen awer och d’Madamm Morasutto, genau wéi déi aner Schüler hu fir eng immens agreabel Ambiance gesuergt. Mir hate kreativ Exercicer gemaach, vill gelaacht, awer och esou munches dobäigeléiert.
– Kuerz, et mecht risegen Spaass an ech freeën mech d’nächst Joer nees gären wieder ze maachen.»
Max Dupong
«Ech hat an deene leschten 2 Joer (dëst an d’lescht Joer) zimmlech vill Spaass am Theater an et huet sech och net wierklech ugefillt wei eng Equippe mee mei wéi eng kleng Famill. Wann ech elo dëst Joer meng 1ière packen, weess ech dat d’Theater-Crew meng beschten Erënnerungen war, egal op d’lescht Joer wou ech d’Ivana mam Fouss ugestupst hunn, oder dëst Joer wou mer d’Elena ugejaut hunn am Stéck. Et huet mega Spaass gemaach an ze wëssen dat et gläich fäerdeg fir mech ass brecht mir d’Häerz. Déi Erfarung war mega, ech hunn et genoss mat jidderengem opzetrieden an ze prouwen. Den Theater huet mech zum laache bruecht, och wann ech kräiche wollt. Merci vir déi schéin Zäit »
Lina List
«Also ech hunn deen heiten Theatergrupp mega fonnt! Fir mech maachen ech weider mam Theater, et bréngt mir mega vill Motivatioun a vill Iddien an ech wollt einfach Merci soen»
Elijhas Dos Santos
«Den Theater ass eppes wat ëmmer een Deel vu mengem Liewe wäert sinn. Egal ob et virum LTEtt, wärend dem LTEtt oder dono wäert sinn. Ech hunn duerch den Theater wonnerbar Leit kennegeléiert a Frëndschaften geschloss déi bis elo bliwwe sinn. Theater ass méi wéi nëmmen op der Bün ze stoen, oder am Kuer Übungen ze maachen fir dass mir eis besser ausdrécke kennen. Et ass eng Famill. Eng Famill déi een sech net erausgesicht huet mee déi Famill déi fir ee selwer passt. Déi Famill déi seng eege Passiounen deelen. Eng Famill bei der ‘Äddi‘ soe genau esou wéi deet wei bei enger regulärer Famill.
Déi Famill mat där ech déi selwecht Bün hunn dierfen deelen. Déi Bün op där ech mech besser ausdrécke kann a méi aus mir rauskommen. Déi Bün déi eis all verbënnt.
Ee Merci un d’Mme Steffen, fir Alles wat dir fir eis maacht. Si huet alles wat mir an de Kueren an op der Bün maachen matgemaach. Egal wéi ustrengend mir waren, si huet eis ëmmer ausgehalen a war déi éischt Persoun déi eis bei Allem ënnërstetzt huet.»
Elena Zuidberg