E Mëttwoch de Moie war eise Schoulhaff gefëllt mat Schüler*Innen, Enseignanten a Personal aus dem Lycée! Eist grousst Schoulfest 2025 war e vollen Erfolleg – mat Musek, Spiller a super Stëmmung!
D’Wieder huet et pünktlech fir d’Schoulfest gutt mat eis gemengt a jidderee war motivéiert, zesummen eng flott Zäit ze verbréngen an den Ofschloss vum Schouljoer ze feieren.
Nieft dem Programm op der Bün, wou sech ganz vill Schüler*Innen un de Mikro getraut hunn oder esouguer en Danz opgefouert hunn, gouf et och vill aner Aktivitéiten. Esou zum Beispill de Surfsimulator, de Boxautomat, Darts, Stockfangen a Gladiator.
De Schülercomité huet fir kleng Leckereie gesuergt déi ee fir e klenge Budget genéisse konnt. Mat Zockerwatt, enger Candy Bar an dem Slushi hunn si d’Schüler*Innen gutt ëmsuergt. Ween sech wollt eng Erënnerung vum Schouljoer 2024-2025 mat Heem huelen, konnt och beim Schülercomité vun enger Fotobox mat Accessoire profitéieren.