Och dëst Joer war den LTEtt um Belval vertrueden!

Donneschdes, den 8. Mee waren néng vun eise Schülerinnen op de Site Belval vun der Uni Lëtzebuerg fir un der GEM (“Girls Exploring Math”) deelzehuelen. Als éischten Atelier konnte si sech u verschiddene mathematesche Spiller probéieren, ouni d’Mathé derhannert missen ze verstoen. Nom Puzzele krute si en Exposé vun der Dr. Ann Kiefer gehalen; si huet erkläert wat et iwwerhaapt heescht an der Mathematik ze forschen. Nom offréierte Snack an enger fräier Mëttespaus koum et dunn zu enger Table Ronde bei där verschidde Fraen am Beräich Mathematik hier Erfarungen deele konnten. Wat bedeit iwwerhaapt Mathematikerin ze sinn? Eis Schülerinnen haten dee Moment och d’Chance hier perséinlech Froen ze stellen. Als lescht stoung nach ee Spill mam Numm”Gender Game” um Plang. Bei dësem Spill huet ee misse Froen zum Thema Lëtzebuerg, deels spezifesch zur Mathé, beäntweren. D’Äntwerte goufe genotzt, fir iwwert Probleemer beim Thema “Gender Equality” ze diskutéieren.