Vum 14. bis 16 Abrëll hunn 2 Schülerinne vun der DC3EL aus eisem Lycée un engem “Mint-Campus” (Mathematik, Informatik, Naturwissenschaften und Technik) zu St. Ingbert (D) am Schülerforschungs- & technikzentrum (SFTZ) deelgeholl. An dësem Zentrum gëtt deene Jonken eng innovativ an nohalteg Entwécklung an der Fuerschung an Technik méi no bruecht. Dëst a follgende Beräicher: Bezuelbar a propper Energie – nohaltege Konsum a Produktioun – Moossnamen zum Klimaschutz. Op hirem Site fënnt ee wieder Detailer: https://www.mintcampus.de/
Dat Ganzt ass am Kontext vum Interreg-Projet “CERTEB_OPT” matt der Uni Lëtzebuerg gelaf:
CERTEB_OPT
Och de Lycée Technique du Centre hat e puer Schülerinnen dohi geschéckt; zesumme mat Schüler*Innen aus Däitschland, Frankräich an der Belsch haten si ee flotten Austausch a si mat villen, neien Iddien zréck an de Lycée komm!