Wien huet de Kinnek ëmbruecht? War et de verwinnte Prënz, eng vun de Schlassmeed, oder awer villäicht de rachsüchtegen Zauberer? Eis Theaterschüler hunn d’Schouljoer 2023/24 mat hirem selwer ausgeduechten Theaterstéck ofgeschloss.
Op zwou Virféierungen hunn si den Zuschauer hiert Schauspilltalent gewisen. Mir gratuléieren dem Lina, Elena, Elijhas, Ivana, Emilie a Lorena fir hiert Engagement.
Well dir dëst Joer och matmaachen? Dann mëllt iech bei der Madame Morasutto (SSE) oder Madame Laura Steffen.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy