Heimat invitéieren ech Iech an Är Schoulcommunautéit ganz häerzlech op de “Séminaire pour l’éducation au climat”, deen am Kader vun der Benelux-Presidence de 26. a 27. Mäerz 2025 am Biodiversum zu Remerschen stattfënnt.
De ganzen Dag iwwer steet den aktiven an informellen Austausch tëschent de verschiddensten Acteuren aus der formaler an non-formaler Educatioun an den ONGen am Vierdergrond, mat Schwéierpunkt op dem Enseignement Secondaire an der genereller Kommunikatioun.
De Seminaire ass a verschidde Weiderbildungen ënnerdeelt, déi vum IFEN zertifizéiert sinn.
Déi detailléiert Invitatioun an de Programm fannt Dir am Anhang grad esou wéi op https://www.snj.public.lu/seminaire-benelux/ wou dir Iech bis den 10. Mäerz umelle kënnt.
Mellt Iech wgl. fir Är Attestatioun gläichzäiteg och beim IFEN un ënnert:
Séminaire d’échanges Benelux sur l’éducation climatique I A
Séminaire d’échanges Benelux sur l’éducation climatique I B
Séminaire d’échanges Benelux sur l’éducation climatique II
Fir Iwwersetzung op Franséisch, Nidderlännesch an Däitsch, a fir Verpfleegung ass gesuergt.
Organiséiert ass den Seminaire vum Ministère de l’Éducation, de l’Enfance et de la Jeunesse/SNJ an onse Partner vun dem Ministère de l’Environnement, du Climat et de la Biodiversité an dem Secrétariat Général Benelux.
Fir eventuell Froe kënnt Dir Iech gären un hollenfels@snj.lu wenden.
Mir freeën eis, Iech de 26. an/oder de 27. Mäerz begréissen ze dierfen fir déi villfälteg Offer ze entdecken.
Mir hoffen dass Dir Iech och schonn d’BNE- Foire an Äre Kalenner agedroen hutt. Dës 6. Editioun fënnt de 25. Mäerz am Forum Geesseknäppchen statt a gëtt och als Formatiounen unerkannt; all Informatiounen iwwert d’Foire fannt Dir ënnert www.bne.lu/foire.
Mat beschte Gréiss
Luc Weis
Direkter vum SCRIPT