3. Editioun vum BookAthon – Vu Jonker fir Kanner:

Am Kader vum Zenter “Sproochen erliewen” vum Service national de la Jeunesse (SNJ) starte mir déi drëtt Editioun vum BookAthon – Vu Jonker fir Kanner: E kreative Projet, bei deem 10 Kannerbicher entstinn, déi vu Jonke tëscht 14 a 27 Joer am Kader vun engem Book Hackathon geschriwwe, illustréiert a gelayout ginn.

Dëse Projet huet d’Zil, jonk Talenter ze fërderen, hinnen eng Plattform ze bidden fir sech auszedrécken – an dobäi e sozialen Impakt ze hunn.

🗓️ Kick-Off-Event: 25.10.2025: Mat Workshops vum Expert*innen Team aus Auteuren, Illustratoren a Grafik Designer. Hei ginn dann och 10 Gruppen mat jeeweils 3 Jonker gebilt.
🗓️ BookAthon: 03.11. – 05.11.2025 am Forum Geesseknäppchen
📅 Umeldung bis den 22. September 2025 op www.bookathon.lu

Jonker kënnen sech als Storyteller, Illustrator oder Graphic Designer umellen. D’Bicher ginn dono verëffentlecht an duerch d’Land verdeelt.

Mir bidden och gären eng kuerz Presentatioun an Ärer Schoul un, fir de Projet den interesséierte Klassen virzestellen. Hei fannt Dir e Doodle Link mat méiglechen Datumen: https://doodle.com/group-poll/participate/azYNx7Ye

Mir géifen eis immens freeën, wann dir dës Informatiounen un Är concernéiert Enseignanten kéint weiderginn.

Fir all Froen kënnt Dir Iech gären bei eis mellen.

Villmools Merci am Viraus a léif Gréiss,

BookAthon Team