Eng faszinant an traureg Geschicht!

Léif Enseignanten,

d’Ouschtervakanz steet virun der Dier, an de Mierscher Theater wënscht Iech eng erhuelsam Zäit! 

Fir dat lescht Trimester bzw. Semester op eng flott an edukativ Manéier mat äre Schüler ze starten, hu mir eng besonnesch Propose:

E Freideg, den 25. Abrëll um 10:00 spillen mir d’Geschicht vu Sophie Scholl op eiser Bün – e Stéck, dat sech mat der faszinéierender an traureger Geschicht vun dëser historesch wichteger Persoun beschäftegt. Mir invitéieren Iech häerzlech, dëst Stéck mat äre Schüler ze entdecken.

Em wat geet et am Stéck?
Sophie Scholl war e ganz normalt Meedchen – hatt huet gären seng Frënn getraff, ass op Fester gaangen, huet déi éischt Léift erlieft, sech mat senge Geschwëster gestridden an och heiansdo Stress an der Schoul gehat. Wéi hatt erwuesse gouf, ass hatt an d’Stad studéiere gaangen. Mä den 22. Februar 1943 gouf d’Sophie zu München wéinst Héichverrot zum Doud verurteelt a higeriicht. Awer wéi koum et dozou? Wéi konnt aus engem Meedchen, dat an senger Kandheet nach e grousse Supporter vum NS-Regime war an der Hitlerjugend bäigetrueden ass, eng jonk Fra ginn, déi bereet war, hiert Liewe géint de Faschismus ze opferen?

Praktesch Informatiounen:
🎟️ Entrée: 13€ pro Schüler
👩‍🏫 Pro 10 Schüler: 1 Enseignant gratis
🎭 Fir all weideren Enseignant: 26€

An enger dynamescher Multimediaperformance mat Videokonscht, Soundcollagen a Schauspill bréngt de Regisseur Alexander Ourth historesch Dokumenter, Musek an Texter aus den 1920er-1940er Joren op d’Bün. Hie weist, wéi wichteg d’Geschicht vu Sophie Scholl och haut nach ass – besonnesch an enger Zäit, wou rietse Stréimungen erëm méi staark ginn.

No der Opféierung, besteet d’Geleegenheet fir e Nogespréich mat den Acteuren!

Mir hoffen, Iech a är Schüler bei eis am Theater begréissen ze kënnen!

Fir Iech fir dëst Theaterstéck unzemëllen oder fir weider Informatiounen mëllt Iech gäeren bei mir ënner 

scolaires@mierschertheater.lu

Léif Gréiss,
Monique Hartmann
Mierscher Theater

……………………
 
Monique Hartmann
Responsable Programme Jeunes