Déi 12 bescht klasséiert Schüler aus der Sportsektioun waren och dëst Joer zesumme mat hire Sportsproffen op ee flotten Ausfluch! Vum 30. Juni bis 02. Juli ass et op Durbuy an den Adventure Valley gaangen! Geschlof gouf an Zelter um Greenfields Glamping.
An hire Programm war nawell gutt gefëllt! Net manner wéi 6 Aktivitéite ware geplangt: Kayak, Via Ferrata, Speleo, Zipline, Accrobranche a Fast-Tag. Owes ass dunn, no de fläissegen Efforte, vun de Greenfields Infrastrukture profitéiert ginn! Do konnten d’Schüler sech an der Piscine ofkillen, Beachvolley, Padel oder Dëschtennis spillen an zum Ofschloss den Dag bei engem schéine Lagerfeier ausklénge loossen.
Trotz der enormer Hëtzt hat de ganze Grupp vill Spaass a jidderee freet sech schonn op déi sportlech Aktivitéite vum LTEtt am Schouljoer 25/26!