E puer Deeg voller Action a Beweegung!

Vum 3. bis de 6. Juli waren d‘Sportifs méritants vum Schouljoer  
2022/23 op de Sportsausfluch am éisträicheschen Ötztal.
Net wäit fort vum Piburger Séi stoungen Aktivitéiten um Programm wéi  
Wanderen, Rafting, Canyoning, Waasserpark a Kloteren. Fir déi meescht  
Schüler war et den éischte Kontakt mat der wonnerschéiner Welt vun de  
Bierger a vun den alpine Sportaktivitéiten. Si hunn sech super geschloen  
an hunn déi verschidden Erausfuerderunge mat Bravour gemeeschtert! Mir  
soen dem LTETT villmools Merci fir dëst super Erliefnis!

Skip to content