Dëst Joer am Mee hu sech ganzer 11 Schüler aus den Departementer Commerce an Elektro getraut fir een e bëssi méi aussergewéinleche Stage ze maachen. Amplaz hei a Lëtzebuerg hire Stage ze maachen, si si an de Fliger geklomm an a Portugal geflunn wou si bei verschiddenen Entreprisen häerzlech opgeholl gi sinn! 6 Woche laang hate si d’Chance ze entdecke wéi esou ee Stage am Ausland ofleeft. D’Erasmus+ – Programmer, déi vun der EU finanzéiert ginn, hunn dat méiglech gemaach!
Begleetgoufe si déi éischt Deeg vun 2 Enseignanten déi sech drëm gekëmmert hunn dass hire Start esou einfach wéi méiglech war an dass den éischte Kontakt mat den Entreprisë gutt iwwert d’Bün gaangen ass.
Mee a wéi eng Entreprisen hu mir eis Schüler iwwerhaapt geschéckt?
Dat war eemol Arsopi Thermal, eng Firma déi ënnert anerem Kill- an Hëtzsystemer bedreift, esou wéi och am Chauffage/Sanitaire Beräich täteg ass. Bei hinnen hun direkt 5 vun eise Schüler dierften eraschnupperen; dat souwuel am administrativen,wéi och am techneschen Departement!
Eng zweet Firma déi eis Schüler opgeholl huet war d’Firma Massily. Si produzéiere Metallverpackungen. 2 vun eisen Elektro-Schüler duerften hir Firma wärend e puer Woche kenneléieren an ënnerstëtzen.
Och d’Entreprise Enernorte Energias huet 2 Elektro-Schüler bei sech opgeholl. Si kruten de Beräich vun der Solartechnik méi no bruecht.
Zum Schluss hu mir dann nach d’Gemeng vu Vale de Cambra wou 2 vun eise Commerce-Schüler an direkt e puer vun hire Servicer hunn dierfte raschnupperen. Dëst war eng ganz interessant Erfarung fir si.
De Feedback vun eise Schüler deen zréckkomm ass, ass dat si erstaunt waren dass verschiddenOfleef an den Aarbechtsalldag an enger auslännescher Firma kënne ganz anescht si wéi hei bei eis. Mee net nëmmen wat d’Aarbecht ugeet war et eng Erfarung déi si beräichert huet. Virun allem perséinlech hu si ganz vill matgeholl! Si hu geléiert sech och mol ze iwwerwannen, an engem frieme Land aleng eens ze ginn an niewebäi hu si flott Frëndschaften ënnertenee geschloss!Mir als Lycée sinn immens houfreg wa mir esou ee positive Feedback vun eise Schüler kréien a mir wënschen hinne weiderhin vill Erfolleg op hiremParcours! Och den Entreprisen wëlle mir ee grousse Merci soen dass si eise Schüler dës eemoleg Chance gebueden hunn!