Studenten aus Tschechien am LTEtt! Säit mëttlerweil méi wéi 20 Joer kommen eemol d’Joer e puer Studenten aus eiser Partnerschoul aus Tschechien op Lëtzebuerg fir am Kader vun Erasmus+ ee Stage ze maachen. Och dëst Joer hu mir 4 Studenten op Besuch, vum 6. Mee bis den 22. Mee schaffe si a verschiddene Betriber. Dräi vun hinnen si fir d’LUGA mat aktiv a si kruten direkt den éischten Dag een Abléck an den Opbau vun dësem grousse Projet! Mir wënschen hinne vill Spaass an hoffen dass si eng schéin Zäit bei eis hunn!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy