Summerfest 2025: MIX & MATCH!

Gudde Moien alleguer,

E Méinden, de 14. Juli, si mir no der Ofschlossplenière prett fir d’Vakanz, awer net ouni
en Ofschloss vum Schouljoer mam Summerfest 2025 fir d’ganzt Personal vum LTEtt,
nom Motto: MIX & MATCH!
Mir starten um 11h30 mat engem kale Buffet, fir jiddereen, deen no der Plenière nach
bleiwe wëll. (35€)
Nom Buffet, um Punkt eng Auer, hu mir dann hoffentlech déi néideg Energie fir (nee
dëst Joer net fir d’Stiwwelschéissen) eng vun dräi méiglechen Aktivitéiten am Süde
vun eisem schéine Land. (35€)
Dir kënnt wielen zwëscht:
1) Enger Visitt vun den Héichiewen um Belval;
2) Boulderen am BlocX um Belval, oder
3) Enger Visitt vun der Bofferdengsbrauerei zu Käerjeng.
Mir starte mam Bus um 13h00 vum LTEtt aus, a si fir 18h00 zeréck am Lycée.
Fir déi, déi dann nach Loscht hunn, awer besonnesch fir déi, déi Mëttes net kënnen
derbäi si, gi mir nach Owes zesummen an den Tuerm zu Dikrech op e Walking Dinner.
Dee start um 18h30 a mir kënne bis 11 Auer owes bleiwen. Duerno ginn déi ganz
motivéiert jo vläicht nach zesummen op Al Dikkrich! (35€)
Wielt aus eisem Mix äre Match!
Am Forms hei drënner, oder iwwert de QR op eisem Plakat, kënnt dir iech offiziell, bis
den 13. Juni umellen.
https://forms.office.com/e/He0qfdkUVD
Dir kënnt wielen, ob dir Mëttes, Nomëttes an/oder! Owes gären derbäi sidd. Fir
Nomëttes wielt dir och d’Aktivitéit, déi dir maache wëllt.
Eenzel kascht all Choix iech 35€, zwee kaschten iech 70€, a fir all déi Leit, déi ALL-IN
ginn, sidd dir bei 100€.
E Resumé fannt dir um Plakat an der Annexe!

Bis geschwënn!

Är Ekipp vun der CDC (Comité de la conférence du lycée)