Klassespriecher - Eng wichteg Roll an eiser Schoul!

Déi lescht Wochen huet den SSE zesumme mat der Direktioun d’Klassespriecher aus de verschiddene Klassen zu enger gemeinsamer Versammlung opgeruff, fir sech auszetauschen an nei Informatiounen ze kréien, déi hinnen hëllefe sollen, hir Roll nach besser auszeüben. D’Reunioun hat als Haaptzil, d’Bedeitung vun der Funktioun als Klassespriecher ze ënnersträichen an de Schüler eng Stëmm ze ginn.

D’Participanten goufen driwwer informéiert, wéi eng Verantwortung d’Klassespriecher droen. Si sinn déi éischt Ulafstell fir hir Klassen, wann et ëm Wënsch, Problemer oder Iddien geet. Dobäi spillt d’Kommunikatioun eng zentral Roll: Klassespriecher solle net nëmmen Informatioune weiderginn, mee och sécherstellen, datt jiddweree sech an der Klass vertrueden an eescht geholl fillt.

D’Versammlung huet kloer gewisen: D’Roll vum Klassespriecher ass vill méi wéi just eng formal Aufgab. Mat de richtegen Informatiounen an dem néidege Bewosstsinn kënnen d’Klassespriecher e wichtege Bäitrag zu der Schoulgemeinschaft leeschten.

Skip to content